50 Joer ASW: Galamatch vun de Legenden zu Wëntger!
D´ASW feiert Gebuertsdag! Zënter 50 Joer rullt de Ball beim ASW, an dat wëllt gefeiert ginn. Kommt de 12. September um 16:00 Auer an de Stade Henri Lamborelle zu Wëntger an erlieft e Fussballsfest vun der Extraklass.
Am Kader vun eisem 50. Anniversaire presentéiere mir Iech en absolutte Sport-Highlight: Eis ASW Oldies fuerderen d'Weisweilerelf vu Borussia Mönchengladbach eraus! Profitéiert vun der Geleeënheet, d'Gladbacher Legenden an engem frëndschaftlechen, awer ambitiéise Match géint eis lokal Gréissten ze gesinn.
Iwwerbléck:
Wéini: 12. September, Ustouss 16:00 Auer.
Wou: Stade Henri Lamborelle, Wëntger.
Präis: 10 € am Virverkaf / 15 € un der Oweskeess.
Verfleegung: Fir de groussen a klengen Honger (souwéi Duuscht) ass natierlech gesuergt!
Séchert Iech elo Ären Ticket online a feiert mat eis 50 Joer ASW!